Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Home

Neiegkeeten



  • Virliesconcours 2024 am Cycle 4



    Virliesconcours 2024

    Haut, um 26ten Mäerz 2024, wor an der Aller Schmelz zu Stengefort d’Final vum Virliesconcours. Aus all Klass vum Cycle 4, wor ee Gewënner ermëttelt ginn, an déi 6 Kanner, si géinteneen ugetrueden. D’Jury bestoung aus 6 Kanner (deenen zweet placéierten aus all Klass) an de 6 Titulairen.

    Hei d’Nimm vun de Kanner déi un der Final deelgeholl hunn:

    • Mika Scheeck (C.4. J.Duhr)
    • Laurie Fischbach (C.4.1. K.Iannizzi / M.Muhovic / M.Burg)
    • Loane Felten (C.4.1. J. Rollinger)
    • Jali Sar (C.4.2. L.Quaring)
    • Paul Pfeffermann (C.4.2. X.Roben)
    • Lori Ries (C.4.2. R. Schaber)

    D’Kanner haten dëst Joer fräi Auswiel beim Thema vun hirem Buch an et gouf op Däitsch, Franséisch a Lëtzebuergesch virgelies. Wärend dräi Minutten, huet all Kand säi Bescht ginn. Jiddereen huet spannend virgelies an et wore Klengegkeeten déi herno den Ënnerscheed maache sollten. Zum Schluss gouf gekuckt, wéi flësseg, däitlech a spannend all Kand virgelies huet.

    Wärend der Auswäertung vun de Stëmmen, konnten déi 6 Kanner aus Jury och hiren Deel virliesen an sech dem Publikum weisen.

    Dëst Joer huet de Mika, an engem enke Kapp u Kapp Rennen, gewonnen. D’Lori koum op déi zweet Plaz.

    All Kanner déi matgemaach hunn an der Final, goufen fir hire Courage belount a kruten ee Bong fir an der Librairie Ernster hire Lieshonger ze stëllen.

    Mir soen alle Kanner Merci, déi matgemaach hunn, dir hutt tipptopp gelies!

    An der Kanner-Jury souzen:

    Jo Wojsischowski / Emely Thein / Hannah Ries / Julien Folscheid / Philip Gilberts / Maude Theis

    Weiderliesen
  • Nouvelle Prolongation_Modifications transport scolaire (sem11-13/2024) (cycles 1-4)



    Weiderliesen
  • Visite vum Jean Asselborn (26.02.2024)



    Visite vum fréieren Ausseminister a langjärege Buergermeeschter vu Stengefort an der Klass vum Linda Quaring (Cycle 4.2 Stengefort).

    Weiderliesen
  • PROLONGATION_Modifications transport scolaire (sem10/2024) (cycles 1-4)



    Weiderliesen
  • Musical Journey around the World - Mat der Bedeelegung vum Schoulensemble (9.03.2024)



    Weiderliesen
  • MODIFICATIONS transport scolaire pendant les semaines 8-9/2024 (cycles 1-4)



    Weiderliesen
News-Archiv