INVITATION - Les effets multiples du stress à l’école sur l’enfant au cycle 4
INVITATION Conférence Les effets multiples du stress à l’école sur l’enfant au cycle 4 –Passage de l’enseignement fondamental à l’enseignement secondaire.
INVITATION Conférence Les effets multiples du stress à l’école sur l’enfant au cycle 4 –Passage de l’enseignement fondamental à l’enseignement secondaire.
D’Schoulpersonal aus der Gemeng Stengefort wënscht all de Schülerinnen a Schüler an hiren Elteren ee gudde Schoulufank. Mir freeën eis op iech an op ee schéint Schouljoer 2024/2025 mat vill Freed an Erfolleg beim Léieren.
Le personnel enseignant et éducatif de la commune de Steinfort souhaite à tous les élèves ainsi qu'à leurs parents une bonne rentrée scolaire. Nous sommes impatients de vous retrouver et de passer une année scolaire 2024/2025 pleine de joie et de succès dans l’apprentissage.
Das Schulpersonal der Gemeinde Steinfort wünscht allen Schülerinnen und Schülern und deren Elteren einen guten Schulanfang. Wir freuen uns auf euch und auf ein schönes Schuljahr 2024/2025 mit viel Freude und Erfolg beim Lernen.
The school staff of the municipality of Steinfort wishes all the students and their parents a good start to the new school year. We look forward to seeing you and to a wonderful school year 2024/2025 filled with joy and success in learning.
D'Aschreiwunge fir d'Aktivitéite vun der Lasep fir d'Schouljoer 2024/25 kënnt Dir ab elo maachen. Soubal Dir eng Mail u folgend Adresse à mickels.schmartz@education.lu geschéckt hutt, ass Ärt Kand fir d’LASEP ageschriwwen.
D’Cotisatioun fir dat ganzt Joer (40€) gëtt da per Iwerweisung bis spéitstens den 24. September 2024 op folgende Konto bezuelt: LU 92 1111 0417 9888 0000 (CCP, Lasep Steinfort). Denkt wann ech gelift drun den Numm, Virnumm a Cycle vum Kand derbäi ze schreiwen.
Keng Iwwerweisung gemaach, heescht net op der Lëscht ze stoen !!
Den Aschreiwungsformulaire soll schonn am Virfeld w.e.g. ausgefëllt ginn.
Deen éischte Cours ass en Dënschdeg, den 1. Oktober 2024. De Rendez-vous ass virun der Sportshal :
Dirigeants LASEP 2024/2025: Jil DUHR et Mickels SCHMARTZ
La rentrée des classes 2024 / 2025 aura lieu lundi, le 16 septembre 2024 à 8h00.
L’année scolaire 2024/2025 commencera avec une journée de classe entière (de 8h00 à 11h45 pour le cycle I resp. à 11h50 pour les cycles II à IV et de 14h00 à 15h50h pour tous les cycles).
À 8h00 les élèves seront accueillis par leur titulaire de classe et l’horaire normal des cours 2024/2025 commencera à 10h00.
Fotos © Frédérique Theisen (Service PR Commune de Steinfort)
D'Schoulpersonal aus der Gemeng Stengefort wënscht all senge Schülerinnen a Schüler an hiren Elteren eng ganz schéin an erhuelsam Summervakanz!
De Schoulufank ass de Méindeg 16. September 2024 ëm 8 Auer.
Coupe scolaire à bicyclclette: jeudi 20 juin 2024 à p. de 18:45 h
Haut, um 26ten Mäerz 2024, wor an der Aller Schmelz zu Stengefort d’Final vum Virliesconcours. Aus all Klass vum Cycle 4, wor ee Gewënner ermëttelt ginn, an déi 6 Kanner, si géinteneen ugetrueden. D’Jury bestoung aus 6 Kanner (deenen zweet placéierten aus all Klass) an de 6 Titulairen.
Hei d’Nimm vun de Kanner déi un der Final deelgeholl hunn:
D’Kanner haten dëst Joer fräi Auswiel beim Thema vun hirem Buch an et gouf op Däitsch, Franséisch a Lëtzebuergesch virgelies. Wärend dräi Minutten, huet all Kand säi Bescht ginn. Jiddereen huet spannend virgelies an et wore Klengegkeeten déi herno den Ënnerscheed maache sollten. Zum Schluss gouf gekuckt, wéi flësseg, däitlech a spannend all Kand virgelies huet.
Wärend der Auswäertung vun de Stëmmen, konnten déi 6 Kanner aus Jury och hiren Deel virliesen an sech dem Publikum weisen.
All Kanner déi matgemaach hunn an der Final, goufen fir hire Courage belount a kruten ee Bong fir an der Librairie Ernster hire Lieshonger ze stëllen.
Mir soen alle Kanner Merci, déi matgemaach hunn, dir hutt tipptopp gelies!
Visite vum fréieren Ausseminister a langjärege Buergermeeschter vu Stengefort an der Klass vum Linda Quaring (Cycle 4.2 Stengefort).