Scheckiwwerreechung Stengeforter Chrëschtmaart 2024
02.04.2025Photos © Service PR Commune de Steinfort
Den 2.4.2025 huet d’Stengeforter Gemeng, zesumme mat der Entente vun de Veräiner, zwee Schecke vu jeeweils 2.500 € un zwou Associatiounen iwwerreecht, déi sech mat vill Häerzblutt fir aner Mënschen asetzen – e Geste, deen duerch d’Solidaritéit vum Stengeforter Chrëschtmaart 2024 erméiglecht gouf.
Rhana - eng Associatioun, déi Assistenzhënn fir Mënsche mat enger kierperlecher Behënnerung ausbilt.
SOS Kannerduerf Lëtzebuerg - déi dësen Don benotze wäert, fir hire musikalesche Projet mat de Kanner, déi si begleeden.
» Fotoen